Invité vun der Redaktioun (5. Abrëll) - Max HahnZousätzleche Congé parental, wann ee scho Congé parental geholl huet

Sascha Georges
Eisen Invité vun der Redaktioun e Freideg war den Deputéierte vun der Demokratescher Partei Max Hahn.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Max Hahn
Eisen Invité vun der Redaktioun e Freideg war den Deputéierte vun der Demokratescher Partei Max Hahn.

Ewech vu Geldleeschtungen, hin zu méi Sachleeschtung. Dat ass d'Devise vun der Regierung. Gratis Maison Relais fir Kanner an der Grondschoul, gratis Schoulbicher géinge genee an dat Konzept passen. Dat sot de liberalen Deputéierte Max Hahn um Freideg de Moien. Hie war eisen Invité vun de Redaktioun.

Et stinn nach eng ganz Rei familljepolitesch Mesuren um Agenda vun der Regierung, dorënner eng Zort Congé parental "plus", quasi als Belounung, wann déi 2 Elterendeeler hire Congé parental scho geholl hunn. Wéi dat soll finanzéiert ginn, ass nach net kloer. Fir déi di doheem bleiwen, ass näischt virgesinn. Dat wär ee legitimme Choix vun all Mënsch, sou de Max Hahn. Ma, et wéilt een d'Leit op d'mannst zum Deel am Beruffsliewen halen, ënnersträicht den DP-Deputéierten Max Hahn.

Nom Congé parental wéilte vill Leit just Deelzäit schaffen, och dat soll méiglech ginn a wa méiglech vum Staat iwwerholl ginn. Et wär dobäi och wichteg, wärend der Zäit d'Pensiounsrechter vun der Persoun déi Deelzäit schafft z'erhalen. Besonnesch wann ee weess, dass sech 50 Prozent vun de Koppelen duerno scheede loossen. Et kéint net sinn, dass dann eng Persoun schlecht do steet, sou de Max Hahn.

Seng Ënnerschrëft, fir datt déi paneuropäesche Beweegung Volt mat an d' Europawale kann, dat wier keen Novum an der demokratescher Partei.  Et wier scho méi dacks gemaacht ginn, fir kleng Parteien. Well et géif een déi politesch Ausernanersetzung net fäerten, sou nach de Max Hahn.

Eisen Invité vun der Redaktioun e Freideg war den Deputéierte vun der Demokratescher Partei Max Hahn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO