Schonn um 14 Auer e Sonndeg de Mëtteg huet fir déi 120 Mataarbechter, déi den Owend an zwee grousse Clierfer Hoteller um Dill sinn, e laangen Dag ugefaangen. Vun der Kichen, iwwert de Service, bis bei d’Botzekippe muss grad op engem Dag wéi haut jidder Detail sëtzen. 120 Mataarbechter op Silvester, dat eleng ass fir d’Direktiounsekipp e reellen Challenge, sou d’Eline Ommeganck vum Excellence Grupp.
D’Thema vum Owend: d’Welt vum Film.
160 Clienten hunn net just d’Nuecht am Hotel, ma de ganze Package mat der Soirée an och dem Accès fir de Wellness gebucht. Wuel déi ideal Manéier, fir muer d’Joer positiv unzefänken. Déi meescht vun hinnen, si Gäscht aus dem Ausland. Belsch, Hollänner, déi ëmmer gär op Clierf kéimen.
Iwwerdeems am Laf vum Sonndegnomëtteg ëmmer méi Leit ageschéckt hunn, goung d’Temperatur an der Kichen an d’Luucht. Dat ganzt Team ronderëm de Chef Clément My war gefuerdert. Op Silvester sollen d’Clientë besonnesch verwinnt ginn.
Fir d’Stëmmung, bis an déi fréi Moiesstonnen eran, suergen an direkt zwee Säll live Museker an en DJ.