
Nieft dem Samu vun Ettelbréck waren hei och d’Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeë vu Colmer-Bierg op der Plaz.
Weiderhi mellt de CGDIS dann en Accident zu Gréiwels. Hei gouf eng Persoun blesséiert, wéi géint 12.20 Auer en Auto an e Bam gerannt ass. D’Ambulanz vu Rammerech an d’Pompjeeë vu Gréiwels waren am Asaz.