MaterialschuedZu Déifferdeng hat et gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Géint 12.15 Auer war an de Rue de la Montagne e Feier ausgebrach.

Déi hënnescht Fassad vun engem Appartementshaus stoung a Flamen. Well am Ufank net kloer war, ob Leit a Gefor wieren an ob d'Feier schonn op d'Wunnengen iwwergegraff hätt, gouf e gréisseren Dispositif op d'Plaz geschéckt. D'Feier konnt séier ënner Kontroll bruecht ginn.

© CGDIS

D'Rue de la Montagne an d'Rue Victor Hugo ware wärend de Läschaarbechte gespaart.

Back to Top
CIM LOGO