Rue Eugène ConradZu Diddeleng hat sech et een Abriecher méi gemittlech gemaach ...

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg de Moie fréi huet eng Fra an hirer Wunneng net schlecht gestaunt, wéi si e Mann hannert engem Rideau an der Stuff entdeckt huet.
© Pixabay

De Mann war scho méi laang am Haus, hat seng Schong uerdentlech bei der Kellertrap stoe gelooss an hat an der Stuff gefëmmt. D'Police huet de Mann matgeholl.

Vun e Freideg op e Samschdeg goufen et nach eng Partie Abréch:

Zu Réimech an engem Appartementshaus an der Maacher Strooss.

Zu Schieren an engem Appartementshaus an der Route de Luxembourg.

Zu Diddeleng an engem Haus an der Rue de la Paix.

Zu Fluessweller an en Haus an der Rue Scheed.

Zu Stroossen an en Haus an der Rue des Tilleuls.

Back to Top
CIM LOGO