
Dikrech verbënnt een haut an éischter Linn mam Iesel. Ma vum Enn vum 19. bis an d’Mëtt vum 20. Joerhonnert era goufe reegelméisseg Päerdscourssen an der Stad am Norden organiséiert. Dat hautdesdaags manner bekannte Kapitel vun der Dikrecher Geschicht gëtt elo am Buch “D’Päerdsstad Dikrich? Die Geschichte der Pferderennen in Diekirch”, dat vun der Gemeng publizéiert gouf, méi genee beliicht. Mir hunn eis mam Auteur a Lokalhistoriker Ern Breuskin ënnerhalen.
Wien haut zu Dikrech laanscht d’Sauer trëppelt, dee ka sech éischter schwéier virstellen, datt hei an der Zäit Päerdscoursse mat deels Dausende Spectateuren organiséiert goufen. Ugefaangen hat alles am Joer 1895 wéi eng landwirtschaftlech Ausstellung zu Dikrech organiséiert gouf.
“A bei där Geleeënheet hu se gesot, déi Responsabel, fir d’Landwirtschaft ze fërderen oder fir d’Päerdszuucht ze fërderen, géinge se eng Päerdscoursse organiséieren. An déi hu se organiséiert um Site vun der Aler Schwämm, der haiteger Aler Schwämm, dem Restaurant a Café. Dat war de Lorenzwues an déi war fir Bauerepäerd a se si gelaf mat engem Weenchen hannendru mat 2 Rieder, mat engem Weenche mat 4 Rieder, et ass awer och geridde ginn.”

Déi Course hat sou ee grousse Succès, datt an der Presse gefuerdert gouf, méi dacks esou Evenementer ze organiséieren. Dat gouf och gemaach, ma Dikrech blouf awer fir d’éischt mol bausse vir.
“Du gouf dunn och prompt eng Associatioun gegrënnt fir d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Päerdszuucht, an déi soten, mir maache lo reegelméisseg där Päerdsrennen, an zwar zu Dikrech an zu Bouneweg. Si hunn dat och gemaach, vun 1896 bis 1900 awer nëmmen zu Bouneweg an näischt zu Dikrech.”
Et sollt bis 1911 daueren, bis den Dikrecher Geschäftsverband d’Päerdscoursse rëm an d’Liewe geruff huet. Mat Ausnam vum 1. Weltkrich goufen an deene nächste Joren deels méi Course pro Saison um Lorenzwues organiséiert. Vun 1919 u goufen d’Coursen nach méi attraktiv, well an deem Joer Wettbüroen zougelooss goufen. Dat hat zur Konsequenz, datt sech op eemol och Leit fir d’Coursen interesséiert hunn, déi soss éischter manner domat um Hutt haten. Well ëmmer méi Leit kucke koumen, goufen d’Coursen op een neie Site verluecht, do wou haut de Camping vun der Gemeng ass.

Mä well och deen Terrain reegelméisseg iwwerschwemmt gouf, goufen d’Holz vun der Tribün an den Ofspärunge souwéi déi lescht Course-Gesteller 1922 versteet.
Ma 6 Joer méi spéit gouf et mat der Grënnung vum “Cercle Hippique et Sportif” ee Revival. Dës Kéier gouf d’Rennbunn an der Route de Larochette amenagéiert an zum gréissten Hippodrom vum Land ausgebaut.

1937 war allerdéngs rëm Schluss, well deen Ament d’Pacht-Kontrakter mat den Terrainsproprietären ausgelaf sinn. Och ënnert der däitscher Besatzung goufe keng Coursen organiséiert. Der Nazi-Ideologie no géing de Lëtzebuerger Bauer keng Renn- mee Schaffpäerd brauchen.
1948 an 1949 waren et zwou spektakulär Editiounen, déi op de Stroosse vun Dikrech organiséiert goufen. Fir datt d’Päerd net ausrutschen, goufe 400 Tonne Sand a Kräsi op d’Stroosse gestreet. Well déi Zäit nach den Zuch “Benni” tëscht Dikrech a Veianen zirkuléiert ass, goufen extra d’Schinnen zougepecht.
Dee groussen Opwand sollt sech lounen, ëmmerhin hu jee ronn 15.000 Spectateuren de Wee op Dikrech fonnt. An deenen nächste Jore goufen d’Coursen du rëm an der Route de Larochette ausgedroen an den Interessi huet no an no nogelooss. Nieft der Konkurrenz duerch aner Manifestatioune waren och déi laang Pausen, déi néideg ware fir d’Wetten auszerechnen, ee Problem.


Dobäi koumen déi ëmmer méi héich Käschten, virun allem well d’Präisgelder an d’Luucht gesat goufe fir auslännesche Jokejen unzelackelen. Sou koum et, datt 1956 fir d’lescht eng Päerdscourse zu Dikrech organiséiert gouf. Dat eenzegt, wat haut nach un dës Zäit erënnert, ass den Hippiques-Bal. Dëse gëtt mëttlerweil rëm nom urspréngleche Virbild a verschiddene Caféen organiséiert. Do ass deen een oder aneren och alt mol duuschtreg wéi ee Päerd.
“Päerdsstad Dikrich? Die Geschichte der Diekircher Pferderennen”
D’Buch, dat vum Lokalhistoriker Ern Breuskin am Optrag vun der Gemeng geschriwwe gouf, kascht 25 Euro. Et kann een et beim Syndicat d’Initiative Diekirch, beim Musée d’histoire(s) Diekirch, beim Conservatoire national de véhicules historiques, der Librairie Zimmer zu Dikrech an der Librairie Ernster zu Ettelbréck kafen.