Penurie bei de BerufferFir eng 20 Beruffer fanne Patronen aktuell net déi richteg Leit

Joel Detaille
Dozou gehéieren ënnert anerem Infirmieren, Daachdecker, Carrossieren oder Ekonomisten.
© Domingos Oliveira

“Wéi eng Beruffer ginn dréngend gesicht, mä d’Patrone fanne einfach net déi richteg Leit” - Esou kann een eng trimesteriell Lëscht beschreiwen, déi d’ADEM um Freideg nees publizéiert huet, eben iwwert déi Beruffer, wou et eng relativ grouss Penurie gëtt.

20 ginn der dës Kéier opgelëscht. Méiglech Employeure kënnen an deene Beräicher vu vereinfachte Prozedure profitéieren, fir do Leit anzestellen, och aus Drëttstaaten.

Gesicht ginn dréngend:

  • Gestionnairë fir Risiko-Analysen am Finanzwiesen
  • Ekonomisten
  • Daachdecker
  • Ingenieuren, souwuel an der Recherche wéi an der Industrie
  • Carrossieren
  • Infirmieren
  • Aide-soignanten
  • Educateuren
  • Industrie-Mecanicien
  • ...

Déi komplett Lëscht fënnt een um Site vun der ADEM.

D’Penurielëscht erlaabt et och, geziilt Formatiounen unzebidden an d’Kompetenzen un d’Bedierfnesser vum Marché unzepassen.

Back to Top
CIM LOGO