Verdächtege festgehollZu Esch koum et e Samschdeg zu engem déidleche Virfall

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 13.30 Auer koum et zu Esch zu engem déidleche Virfall, schreift d'Police an hirem Bulletin.
© Laurent Weber

Geschitt ass de Virfall an der Rue de Mâcon. E Verdächtegen ass nach op der Plaz gestallt an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. D’Police judiciaire huet eng Enquête lancéiert. Wat genee passéiert ass, gëtt vun der Police net preziséiert, déi op de Parquet verweist. De Presseservice vun der Justiz wollt eis op Nofro hi fir den Ament och keng Prezisioune ginn. Et wéilt ee viraussiichtlech am Laf vun e Sonndeg weider Detailer zum Virfall kommunizéieren.

Back to Top
CIM LOGO