Mat Hënn aus dem Déierenasyl spadséiere goen "D'Hënn si fräi duerch de Park gelaf a mir hu versicht, si erëm anzefänken" 

Christophe Hochard
D'Gaasperecher Déierenasyl zielt op Benevoller, déi reegelméisseg mat den Hënn spadséiere ginn. Elo huet missen en "eescht Wuert geschwat ginn".
D'Gaasperecher Déierenasyl
Fro an Äntwerten

“Wärend dësem Hierscht a Wanter ass eis opgefall, dass et reegelméisseg zu Reegelverstéiss komm ass”. Dëst erzielt mir de Loïc Feltgen, Mataarbechter aus dem Déierenasyl vu Gaasperech. Hien ass Hondstrainer. “Besonnesch déi Reegel mat de Kanner mat der Léngt ass eppes, wou mir ganz dacks Diskussioune mat den Erwuessenen hunn. Trotz der Reegel, déi de Leit bekannt ass, d’Kanner mat den Hënn eleng un der Léngt dorëmmer lafe loossen. Dat ass immens geféierlech, well d’Kanner Situatiounen dacks net richteg aschätzen. Si kennen net aschätzen, wéi staark esou en Hond ass”.

Ier eng Persoun mat engem Hond däerf eraus spadséiere goen, muss si e Reglement ënnerschreiwen. Dëst gouf am Oktober 2025 nach eemol adaptéiert. “Déi wichtegst Reegel ass, dass d’Leit mussen iwwer 18 Joer al sinn. Et steet och dran, dass et verbueden ass, dass d’Kanner d’Léngt selwer iwwerhuelen. Och net wann d’Elteren da bei sinn. Aus Responsabilitéitsgrenn klappt dat net. Wichteg ass et och, dass d’Leit sech anstänneg ëm eis Déiere këmmeren. Wichteg ass et och, dass d’Leit, wa se mat den Hënn am Park spadséiere ginn, Ofstand zu aneren Hënn halen”. Dëst erkläert mir de Loïc Feltgen wärend eisem Gespréich.

Mat Hënn aus dem Déierenasyl spadséiere goen
“D’Hënn si fräi duerch de Park gelaf a mir hu versicht, si erëm anzefänken”

D’Gaasperecher Déierenasyl gëtt et zanter 1964 Kazen a Hënn fannen hei en neit Doheem. Aktuell ginn eng 70 Muppen do betreit. Dee jéngsten Hond huet 7 Méint, deen eelste 15 Joer.

“D’Hënn mussen och esou an der Léngt gehale ginn, wéi d’Leit se erauskréien. Dat heescht, wann en Hond zum Beispill iwwer Geschier an Halsband geséchert ass, da mussen d’Leit dat och esou anhalen”. Sou den Hondstrainer weider. Dat selwecht gelt fir de Maulkuerf.

Déi Responsabel vum Déierenasyl kucken och ëmmer mat de Leit zesummen op si Erfarung mat Muppen hunn. An och wat fir een Hond, zu wat fir enger Persoun passe kéint. “Mir kucken och wéi vill Zäit si hunn, fir mam Mupp spadséieren ze goen”.

De Leit aus dem Gaasperecher Déierenasyl ass et och wichteg ervirzesträichen, dass si frou sinn, Benevoller ze hunn, déi mat den Hënn spadséiere ginn. “Et ass eis awer och wichteg ze betounen, dass mir an éischter Linn do sinn, fir eis ëm Déieren ze bekëmmeren. Mir sinn awer net do, fir de Leit en Animatiounsprogramm fir hiren Nomëtteg ze bidden”. Sou nach de Loïc Feltgen um Schluss vun eisem Interview.

Back to Top
CIM LOGO