Vum Parquet ordonéiertAlkoholkontrollen zu Izeg, Biergem, Monnerech an an der Stad - Zwee Fürerschäiner agezunn

Andy Brücker
Alles an alles goufen 362 Automobiliste kontrolléiert.

Vun e Freideg op e Samschdeg war d’Police nawell zimmlech aktiv uechter d’Land, wat Alkoholkontrollen ugeet, déi vum Parquet ordonéiert goufen.

Déi éischt gréisser Kontroll war zu Biergem an der Grand-Rue, dat e Freideg tëscht 14.30 a 16 Auer. Hei hunn 124 Automobiliste mussen en Otemtest maachen. Kee vun deenen Tester war positiv. Allerdéngs ware bei dräi Automobilisten d’Pabeieren net an der Rei.

Zu Monnerech da gouf an der Éilerenger Strooss kontrolléiert, dat tëscht 17.30 an 18.30 Auer. Bei den 83 Automobilisten, déi kontrolléiert goufen, war keen Alkoholtest positiv. Allerdéngs waren och hei Irregularitéite bei de Pabeieren vun dräi kontrolléierte Gefierer.

E Freideg den Owend gouf wärend enger Stonn an der Stad an der Rue des Aubépines kontrolléiert. Duerno ass et no Hallefnuecht weider gaangen zu Izeg an der Bouneweger Strooss, éier nach emol tëscht 2.30 an 3.30 Auer an der Stad an der Rue de Trèves Alkoholkontrolle gemaach goufen. Alles an allem hunn 155 Automobilisten den Otemtest musse maachen. An 9 Fäll war d’Resultat positiv. Zwee Fürerschäiner goufen nach op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO