Lëtzebuerger Industrie setzt op DekarbonisatiounStaat ënnerstëtzt sechs Projeten mat iwwer 100 Milliounen Euro

Tim Morizet
D'Industrie zu Lëtzebuerg soll méi klimafrëndlech ginn – an dobäi och manner ofhängeg vu fossillen Energien.

Fir dat z’erreechen, hat de Wirtschaftsministère d’lescht Joer en Appel à projets lancéiert, deen Entreprisë bei hirer Dekarbonisatioun ënnerstëtzt.

Sechs Projete goufen elo zeréckbehalen – mat engem Gesamtbudget vu knapp iwwer 102 Milliounen Euro. Zil ass et, d’CO2-Emissiounen däitlech ze reduzéieren an d’Industrie gläichzäiteg méi resilient géintiwwer schwankende Energiepräisser ze maachen.

Pilotprojet zu Rodange: Elektrifizéierung vun der Produktioun

Zu Rodange bei Avery Dennison gëtt scho konkret un där Transitioun geschafft. D’Entreprise produzéiert hei Etiketten, déi ënner anerem op Fläschen a soss Verpackunge benotzt ginn. Quasi all zweet Etikett vun engem Produit, deen een am Supermarché keeft, kënnt vun dëser Entreprise – hir gréisste Produktioun ass zu Lëtzebuerg baséiert. Als Deel vum ausgewielte Projet gëtt elo en Deel vun der Produktioun ëmgebaut: Gasbrenner ginn duerch elektresch Heizsystemer ersat.

“Op enger vun eise Produktiounsmaschinne wäerte mir e puer vun eise Gasbrenner duerch elektresch Heizungen ersetzen, wat eis erlaabt, eis CO2-Emissiounen ëm ronn 1.600 Tonnen pro Joer ze reduzéieren,” erkläert den Adrien Villani, Direkter fir digital Transformatioun bei Avery Dennison.

Dës Pilotinstallatioun soll als Test déngen, fir an Zukunft eventuell weider Produktiounsprozesser ze elektrifizéieren. Et geet also net nëmmen ëm eng eenzel Maschinn, mee ëm eng Strategie fir déi ganz Industrie.

Dekarbonisatioun als ekonomesch Chance

Fir d’Entreprise selwer ass d’Dekarbonisatioun net nëmmen eng ekologesch Noutwennegkeet, mee och eng wirtschaftlech Opportunitéit.
“Et ass eng Chance um Marché, well eis Clienten erwaarden, datt mir eng dekarboniséiert Industrie hunn”, sou den Adrien Villani.
Nieft dem Ëmweltschutz spillt och d’Versuergungssécherheet eng wichteg Roll: Elektrifizéierung kéint d’Betriber manner ofhängeg vun de volatille Präisser vu fossillen Energien maachen.

27.000 Tonnen CO2 manner pro Joer

Insgesamt sechs Entreprisen hu sech beim Appell gemellt, dovunner goufen der sechs zeréckbehalen. D’Krittären: maximal CO2-Reduktioun bei méiglechst effizientem Asaz vun ëffentleche Gelder.
D’Resultat si ronn 27.000 Tonnen CO2-Reduktioun pro Joer. Dat entsprécht ongeféier 12.000 Autoen, déi ee Joer laang net fueren. Iwwer déi nächst zéng Joer gesinn, kéinten esouguer ronn 277.000 Tonnen CO2 agespuert ginn.

Staat setzt op Onofhängegkeet a Resilienz

Fir de Wirtschaftsminister Lex Delles geet et dobäi ëm méi wéi nëmmen Emissiounsreduktioun: “Et ass ganz wichteg, dass mer d’Dekarbonisatioun vun eisen Entreprisë begleeden… well mer eis CO2-Emissioune reduzéiere wëllen, mee och fir manner ofhängeg ze si vun Decisiounen, déi net hei geholl ginn.“

D’Zil: eng Industrie, déi manner staark vun internationale Gaspräisser oder geopolitesche Spannungen ofhänkt. Gläichzäiteg setzt d’Regierung op eng Kombinatioun aus Elektrifizéierung an Ausbau vun erneierbaren Energien, fir d’Versuergung laangfristeg ofzesécheren.

Kloer Konditioune fir d’Entreprisen

D’Entreprisen hunn dräi Joer Zäit, fir hir Projeten ëmzesetzen. D’Subsidë sinn dobäi u konkret Resultater gebonnen. Ginn d’Ziler net erreecht, kann de Staat seng finanziell Ënnerstëtzung och reduzéieren. Domat soll garantéiert ginn, datt ëffentlech Gelder effektiv an nohalteg Projeten investéiert ginn.

Eng Transitioun mat Perspektiv

Fir Betriber wéi Avery Dennison ass kloer: D’Dekarbonisatioun ass net nëmmen eng Verpflichtung, mee eng Investitioun an d’Zukunft.
Tëscht Klimaschutz, wirtschaftlecher Kompetitivitéit an Energie-Onofhängegkeet gëtt déi industriell Transitioun domat zu engem zentrale Bausteen fir de Standuert Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO