Gefälschte Versioune vu MyGuichet a LuxTrustVerdächtegen am Kader vu grousser LuxTrust-Bedruchsaffär a Spuenien festgeholl

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger, gebuer 2004, hat e Freideg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
© Shutterstock

De Lëtzebuerger Autoritéiten ass ee gréissere Coup géint Bedruch a Phishing am Internet gelongen: Ee jonke Lëtzebuerger, deen 2004 gebuer ass, ass Enn Februar a Spuenien festgeholl an en Donneschden un déi Lëtzebuerger Autoritéiten ausgeliwwert ginn. Hie soll ee vun den Haapt-Organisateure vun de Phishing-a Bedruchsattacke sinn, bei deenen d'Sitte vu MyGuichet a LuxTrust gefälscht goufe fir un d'Donnéeë vun den Affer ze kommen. 

Eleng an de Joren 2024 an 2025 goufen iwwer 700 Plaintë gemaach. D'LuxTrust-Bedruchsaffären hunn ee Schued vun iwwer 10 Milliounen Euro verursaacht. De Parquet erënnert an dësem Kontext dann och drun, datt Banken oder och LuxTrust selwer d'Clienten ni no Sécherheetsdonnéeën oder Passwierder froen an een dës Informatiounen och net iwwer Telefon oder SMS soll viruginn. 

Fir de Beschëllegte gëllt d'Présomption d'innocence. 

Pressecommuniqué vum Stater Parquet
Communiqué de presse du parquet de Luxembourg relatif à l’interpellation d’un suspect dans une affaire d’escroqueries et de phishing


Back to Top
CIM LOGO