
Géint 3.30 Auer krut en Auto eng Ambulanz zu Esch ze paken, och hei gouf de Chauffer vum Auto an eng Persoun aus dem Rettungswon blesséiert. D’Strooss an den Ëmkrees dovunner hunn zum Deel misste gespaart ginn, well iwwerall Deeler vum Auto louchen.
Wéi et zu Accident koum, gëtt aktuell ënnersicht. Béid Gefierer goufe saiséiert, de Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.
Bei engem Accident op der A13 a Richtung Schengen um 17.15 Auer waren direkt e puer Autoen verwéckelt. Hei goufen 3 Persoune blesséiert. Op der Lëtzebuerger Strooss zu Nidderkäerjeng gouf eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert.
Kuerz virun eng Auer um Samschdeg de Moie sinn an der Rue du Cents an der Stad zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.
Esou och bei engem Autosaccident an der Käler Strooss zu Diddeleng kuerz viru 4 Auer de Moien.

Dann huet de CGDIS nach zwee Bränn gemellt, eng Kéier zu Wolz an der Rue Michel Thilges an eng Kéier an der Stad um Cents. Béid Kéiere gouf kee verwonnt.