Groussugeluechte VerkéierskontrollenZu Fluessweiler an an der Fiels goufen d'Vitess an d'Pabeiere kontrolléiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch tëscht 17.00 an 19.30 Auer hat d'Police bei den zwou Kontrolle prezis verschidde Verstéiss am Viséier.

Dräi Automobiliste waren ze séier, wéi si der Police an d’Äerm gefuer sinn, a bei zwee Gefierer gouf et Problemer mat de Luuchten. E Motocyclist huet misste bezuelen, well säin Helm net konform war an en aneren, well hie keng Versécherung virleeë konnt. An engem weider Fall war engem Motocyclist säin Auspuff net de Reegelen no.

En Auto gouf ofgeschleeft, well de Chauffer kee gëltege Permis hat an d’Versécherung, wéi och déi technesch Kontroll ofgelaf war.

An der selwechter Zäit hat e mobille Radar méi Vitessverstéiss festgestallt. Véier Persoune ware mat iwwer 120 Kilometer an der Stonn ënnerwee wou 90 erlaabt war. Zwee anerer haten 80 km/h drop, dat an enger 50er-Zon.

Back to Top
CIM LOGO