Wieler- oder awer Gewieltewëllen?Zu Garnech soll de Kandidat mat de meeschte Stëmmen net an de Schäfferot kommen

Marc Hoscheid
De Lou Dondlinger ass als Gewënner aus de Gemengewalen zu Garnech ervirgaangen, ma well eng aner Ekipp ee Sëtz méi huet, kéint hien awer eidel ausgoen.
© RTL

Och zu Garnech hunn d’Bierger e Sonndeg bei de Walen en neie Gemengeconseil bestëmmt. A wéi op enger Partie anere Plazen am Land ass et elo d’Diskussioun op de Wielerwëlle bei der Bildung vum Schäfferot wierklech respektéiert gëtt. Den Éischtgewielte Lou Dondlinger soll nämlech net Member ginn, wat dësen nawell guer net novollzéie kann.

Zu Garnech soll de Kandidat mat de meeschte Stëmmen net an de Schäfferot kommen

An der Majorzgemeng Garnech waren zwou Ekippe géinteneen an d’Course gaangen. Déi ronderëm de Lou Dondlinger mam Numm “Är Ekipp Am Déngscht vum Bierger” konnt véier Plazen am Conseil erueweren. D’Ekipp “Zesumme fir meng Gemeng 2023" ronderëm d’Schäffen Arsène Muller a Sonia Fischer-Fantini krut hirersäits 5 Sëtz. Wat dat perséinlecht Resultat ugeet, koum de Lou Dondlinger mat 553 Stëmmen, 65 méi wéi 2017, op déi éischte Plaz. Ma wéi et ausgesäit, wäert hien trotzdeem net Buergermeeschter ginn. Dorop besteet hien och net, anescht gesäit et awer mat enger Plaz am Schäfferot aus.

“Also meng Ausso war un d’Madamm Fischer-Fantini, ech hu gesot dir wäert jo de Wielerwëllen e bëssi respektéieren. Wann der mech net wëllt Buergermeeschter maachen, da wëll ech Minimum 1. Schäffe ginn. A mäin Uleies war jiddefalls, datt de Siwentgewielten, den 1. Schäffen aktuell, datt deen op kee Fall nach eng Kéier eng Funktioun am Schäfferot duerf kréien. An do war d’Äntwert ganz kloer, mir decidéieren dat an net du.”

De genannte Schäffen Arsène Muller krut 400 Stëmmen, 124 manner wéi bei de leschte Wale viru sechs Joer, a koum domadder op déi 7. Plaz. Trotzdeem soll hie fir dräi Joer 2. Schäffe ginn. Dee Moment géing hie vum Pia Godelet-Bissen, déi mat 541 Stëmmen Zweetgewielte gouf ofgeléist. Buergermeeschtesch soll iwwerdeems déi Drëttgewielte Sonia Fischer-Fantini an 1. Schäffen de Véiertgewielte Serge Backendorf ginn. D’Pia Godelet-Bissen, déi nei am Gemengerot ass, wollt net direkt an de Schäfferot, mee fir d’éischt Erfarung am Conseil sammelen. Obwuel een dee Meeschtgewielten op der Säit loosse wëllt, gesäit d’Sonia Fischer-Fantini awer d’Méiglechkeet fir eng Zesummenaarbecht.

“Op alle Fall, ech wëll datt mer zesummeschaffen. Mir hunn am leschte Gemengerot mam Här Dondlinger gutt zesummegeschafft, hien huet vill vun eise Projeten, quasi déi meescht Projeten, mat ënnerstëtzt, mat zougestëmmt. Hiere Walprogramm ass eisem Walprogramm a ville Punkten net onänlech. Mir géife gäre mat hinnen zesummeschaffe fir déi Projeten ëmzesetzen.

Als Beispill nennt si den Ausbau vun der Schoul, well d’Gemeng weider wuessen an dat aktuellt Gebai dowéinst iergendwann u seng Grenze komme wäert. Op et déi nächst 6 Joer wierklech eng harmonesch Zesummenaarbecht wäert ginn, muss sech weisen. De Lou Dondlinger gëtt iwwerdeems d’Hoffnung nach net ganz op, datt bei där anerer Ekipp nach een Ëmdenke kënnt. Hie verweist op Duelem, wou d’Situatioun änlech gewiescht wier an zum Schluss awer nach “e bëssi mat Mënscheverstand iwwerluecht” gi wier.

Back to Top
CIM LOGO