
Just 30 Prozent vun den EU-Bierger huet am vergaangene Joer zur Locatioun gewunnt, esou d’Etüd. Lëtzebuerg läit deenen Donnéeën no knapps ënnert dem EU-Schnëtt, dat mat 68,4 Prozent Eegenheembesëtzer. 31,6 Prozent vun de Leit hunn 2020 zu Lëtzebuerg gelount.
Déi meeschten Eegenheembesëtzer gouf et am leschte Joer a Rumänien (96 Prozent), an der Slowakei (92 Prozent), an a Kroatien an Ungarn mat jeeweils 91,3 Prozent - also virun allem am Oste vun Europa. Dat lëtzebuergescht Nopeschland Däitschland ass mat 50,5 Prozent Eegenheembesëtzer d’Schlussliicht an der EU.
Am EU-Schnëtt hu ronn 53 Prozent vun de Leit an engem Haus gewunnt, wärend 46 Prozent an enger Wunneng gewunnt hunn. Ee Prozent vun de Leit hunn an alternative Wunnmodeller, wéi zum Beispill Campervans oder Hausbooter. Zu Lëtzebuerg wunnen eng 58,8 Prozent vun de Leit an engem Haus, 40 Prozent hu sech an enger Wunneng niddergelooss. Deen héchsten Taux vun Hausbewunner gëtt et an Irland: 92 Prozent vun de Leit wunnen do an Haiser. A Spuenien ginn et dogéint mat 66,1 Prozent déi meeschten Appartements-Bewunner.
Wéineg iwwerraschend fir déi meescht Leit zu Lëtzebuerg dierft der Eurostat hir Feststellung sinn, datt Lëtzebuerg am leschte Joer mat déi héchste Wunnpräisser an Europa hat. D’Präisser - an déi och d’Käschte fir Waasser, Elektrizitéit an Heizung mat agerechent goufen - louchen am Joer 2020 zu Lëtzebuerg ronn 64 Prozent iwwert dem EU-Duerchschnëtt. Méi deier war et just an Irland an an Dänemark.