Waarden op de FligerZu Lëtzebuerg gouf et bal 1.000 Plaintë wéinst Annulatiounen oder Retarden

Marc Hoscheid
Jean-Marc Sturm
E Samschdeg huet zu Lëtzebuerg d'Summervakanz ugefaangen. Fir vill Leit geet et déi Zäit mam Fliger fort.
Rechter vu Fluchpassagéier
E Méindeg huet d’Verbraucherschutzministesch Paulette Lenert um Findel d’Evolutioun bei de Plaintë vun de Fluchpassagéier presentéiert.

Rechter vu Fluchpassagéier / vum Jean-Marc Sturm

Ma an deene leschte Méint, beispillsweis an der Päischtvakanz, si bei der nationaler Airline Luxair eng Partie Vollen ausgefall. E Méindeg huet d’Verbraucherschutzministesch Paulette Lenert um Findel d’Evolutioun bei de Plaintë vun de Fluchpassagéier presentéiert. An déi Zuel ass nawell anstänneg an d’Luucht gaangen.

Net manner wéi 998 Plainten dierften 2023 erakommen, esou vill ewéi nach ni. Déi Zuel huet de Verbraucherschutzministere aus den Donnéeë vun de Méint Januar bis Juni extrapoléiert. Zanter 2018 ass d’Zuel ëm 46 Prozent an d’Luucht gaangen. 2021 an 2022 gouf et wéinst der Corona-Pandemie ee Réckgank. Och wann d’Zuel vun de Passagéier an deem selwechten Zäitraum och geklommen ass, steet dat awer a kenger Relatioun zur Hausse bei de Plainten. De Responsabelen no ass dat net onbedéngt een negatiivt Zeechen.

D’Paulette Lenert (Ministesch fir Verbraucherschutz): “Mir schléissen dorausser, datt d’Leit hir Rechter besser kennen. Dat war eng vun eisen Zilsetzungen, dofir ze suergen iwwert Campagnen, datt d’Leit eng besser Prise de conscience hunn, wat hir Rechter sinn, wann eppes schif geet op enger Rees. An dat gräift sécherlech, dat ass, wat déi Zuelen eis soen.”

Wichteg wier virun allem, datt ee sech iwwerhaapt manifestéiert, wann eppes net klappt. Éischten Uspriechpartner wier d’Personal vun der Fluchgesellschaft. Ma wann een no 60 Deeg nach keng oder keng befriddegend Äntwert kritt huet, soll ee sech un den National Enforcement Body (kuerz NEB) wënnen. Dat ass d’Ulafstell fir Passagéierrechter am Konsumenteschutzministère. Dëse leet d’Leit dann un déi zoustänneg Ulafstelle weider. Op nationalem Plang ass dat d’ULC, ma wann eng Fluchgesellschaft am Spill ass, déi hire Sëtz net zu Lëtzebuerg huet, kënnt de Centre Européen des Consommateurs an d’Spill. Virun allem wann et ee Problem mam Gepäck gëtt, sollt ee séier reagéieren.

D’Karin Basenach (Direktesch vum Centre Européen des Consommateurs): “Ee ganz ganz wichtegt Thema, Perte an och Beschiedegung vu Reesgepäck. Wann dat virkënnt, also wann d’Gepäck beispillsweis net um Lafband ass, ass et ganz wichteg, datt de Konsument direkt reklaméiert. Do ginn et Guicheten am Fluchhafe selwer, do ass et ganz wichteg, datt der dohinner gitt an de Verloscht oder Beschiedegung reklaméiert. An zousätzlech och nach bei der Fluchgesellschaft reklaméieren an zwar innerhalb vu 7 Deeg.”

Déi meescht Plaintë gouf et wéinst Retarden an Annulatiounen. An 38,4 Prozent vun de Fäll gouf en Faveur vum Passagéier entscheet, a knapp 29 Prozent vun der Airline. A quasi genee esou ville Fäll war den NEB net zoustänneg. Ob een e Recht op eng Prise en charge duerch d’Airline, ee Remboursement vun de Käschten oder esouguer eng Indemnisatioun huet, hänkt ënnert anerem vun der Distanz vum Fluch of.

Back to Top
CIM LOGO