
A kengem aneren EU-Land schaffe sou mann eeler Leit wéi zu Lëtzebuerg, dat weisen déi nei OECD-Daten aus der Etüd “Pensiounen op ee Bléck”.
De gesetzleche Pensiounsalter läit hei am Land bei 62 Joer, dat ass d’Moyenne tëscht der Fréipensioun an de gesetzleche 65 Joer, rechent d’OECD. Tatsächlech ginn d’Männer annerhallef Joer éischter an d’Pensioun, d’Fraen 3,6 Joer éischter.
An der EU schaffen d’Leit vill méi laang. D’Männer bis 62,6 Joer an d’Fraen huelen duerchschnëttlech mat 62,3 Joer d’Pensioun. Zu Lëtzebuerg schaffe just nach 6,6% vun de 65 bis 69-Järegen. Tëscht 55 a 64 Joer ass et manner wéi d’Hallschent mat 46,6%. An Däitschland zum Beispill schaffe vill méi eeler Leit.
No der Rent liewen d’Männer nach iwwer 22 Joer, dat ass och an der Belsch oder Frankräich de Fall. D’Fraen hei am Land hu souguer nach bal 28 Joer viru sech, wa se bis pensionéiert sinn.