
D’Projeten “Elmen II” an “Itzegerknupp” zu Ollem respektiv Bouneweg goufen en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun vum Minister Claude Meisch virgestallt a sollen déi nächst Woch an der Chamber gestëmmt ginn. De fréiere Logementsminister Henri Kox hat se nach ausgeschafft.
Zu Elmen solle bis Enn 2033 51 Haiser an 103 Appartementer an 10 Residencen entstoen, 154 Logementer am Ganzen. 55 dovunner si fir d’Locatioun. Elmen kritt och eng Schoul, eng Crèche, e Supermarché an eng nei Buslinn bis an d’Stad.
Aktuell sinn iwwregens 52 Logementer am Quartier Elmen nach net verkaf, déi kéinten och an d’Locatioun goen. D’Krittären, fir eng Wunneng ze kréien, kéinten och iwwerschafft ginn.
558 abordabel Logementer sollen dann zu Bouneweg entstoen 228 ginn zousätzlech vu privaten Acteure gebaut. D’Haiser gi verkaf, d’Appartementer gréisstendeels verlount. Am Ganzen 32 Residencë sollen hei am Quartier “Itzigerknupp” entstoen. 2028 respektiv 2035 sollen d’Aarbechte fäerdeg sinn. ‘Itzegerknupp soll och eng Schoul, eng Sportshal a Futtballterraine kréien.