FOTOENZu Péiteng ass e Gaardenhaische verbrannt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg war de CIS Péiteng um 5.24 Auer op Péiteng an d'Strooss Bellevue geruff ginn, well ee Gaardenhaische Feier gefaangen hat.
© Centre d’Intervention et de Secours Péiteng

Wéi d'Pompjeeën op d'Plaz komm sinn, stoung dat komplett Gaardenhaische schonn a Flamen. Et gouf doropshin nach weider Verstäerkung op d'Plaz geruff.

Den Asaz war net ganz einfach, well d'Gaardenhaischen an e Koup gefall ass an d'Feier ënnert dem Wellblechdaach weider gebrannt huet. Donieft hunn d'Pompjeeën nach dräi Gasfläsche vum Feier missen ewechhuelen a se killen.

Um 9 Auer war d'Feier e Samschdeg eréischt komplett geläscht. Op der Plaz waren d'Pompjeeë mat 17 Mann a 5 Gefierer an d'Police vun Déifferdeng.

FOTOGLAERIE: Fotoe vum Feier vum CIS Péiteng

Back to Top
CIM LOGO