Virfall am RecyclingszenterZu Schëffleng am SIVEC gouf eng schaarf Granat entdeckt

RTL Lëtzebuerg
De Recyclingszenter huet seng Aktivitéiten nees opgeholl, esou de SIVEC op Facebook.
© Facebook SIVEC

Wéi de SIVEC zu Schëffleng matdeelt, koum et e Mëttwoch zu engem dann dach éischter ongewéinleche Virfall. Spezialunitéite vun der Arméi hu missten um Site intervenéieren an hunn déi schaarf Granat evakuéiert. Mëttlerweil gouf de Betrib am SIVEC nees opgeholl.

De Recyclingszenter erënnert drun, dass et selbstverständlech strengstens verbueden ass Granaten oder aner Waffe mat op de Site ze huelen. Bei sou Fäll muss een d'Police oder de SEDAL kontaktéieren.

Back to Top
CIM LOGO