ZeienopruffZu Schëffleng gouf en Elektrovëlo geklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, wier e Sonndeg tëscht 14 a 14.30 Auer am Bësch "Schëfflengerbierg" e Vëlo geklaut ginn.

Dëse wier virun engem Hölenagang ofgestallt ginn.
Et handelt sech ëm e schwaarzen E-Bike vun der Mark MERIDA mat engem faarwege Bidonshalter a bloe Pedallen.

All d’Informatioune si fir d’Police vun Esch, dat via Telefon (+352) 244 50 1000 oder E-Mail Police.ESCH@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO