
An der Rëmelenger Strooss zu Téiteng huet virun 3 Auer an der Nuecht op e Sonndeg e Chrëschtbeemche Feier gefaangen. Et gouf kee blesséiert.
Géint Véierel op 7 ass e Samschdeg den Owend en Auto bei Stolzebuerg a Richtung Biwels un d’Schleidere geroden an dunn am Gruef gelant. Dat mellt de CGDIS e Sonndeg de Moien. Och hei gouf kee verletzt.