
Aktuell géing een zu Wolz eng grouss Onzefriddenheet bei de Bierger spieren, sou de Michael Schenk Drëttgewielten a President vun der Wëlzer LSAP-Sektioun. “Et geet net drëm, iergendee privat hei z’attackéieren, mee et muss een awer och dierfen erwänen, dass elo 3 Leit eng Gemeng leeden, déi éischtens net sou no vir gewielt goufen an déi zweetens och keng Erfarung hunn. Ech fannen, dass dat och de Geck mat de Leit gemaach ass. A mir brauchen eis net wonneren, wann de Wieler ëmmer méi d’Flemm kritt, wäiss Ziedelen ofgëtt, net wiele geet, wann d’Walresultater net respektéiert ginn.”
Wat dem Sozialist besonnesch sauer opstéisst, ass, dass vun der nationaler Politik, der Spëtzt vun der CSV, aus der Stad eraus Drock gemaach ginn wier.
“Ech wëll elo net onbedéngt der Madame Weigel do de Virworf maachen, mee ech fannen, dass déi national Politik sech net an d’Gemengen-Autonomie anzemëschen huet. Wat hei ganz kloer de Fall ass a wat CSV-Leit mir och ganz kloer bestätegt hunn. Hei gëtt eng jonk Fra an d’Messer lafe gelooss, fir do national Interessen ze vertrieden. Also ech ka just soen, wa meng Partei sech bei mir géing an der Gemeng amëschen a mir géing soen, wat mir zu Wolz ze maachen hätten, da wier meng Parteikaart ganz séier an der Boîte.”
Och an der CSV selwer ass ee jo net zefridde mam Oflaf. De Véiertgewielten an aktuellen Schäffen Patrick Comes hat jo seng CSV-Parteikaart ofginn. Den 2. Gewielten an och aktuelle Schäffen Albert Waaijenberg wéilt seng CSV-Parteikaart net ofginn, well hien seng Kolleegen net wéilt hänken loossen.
“Dat Eenzegt, wat ech ëmmer verlaangt hunn, dat ass, dass de Wielerwëlle soll respektéiert ginn an dat ass den Ament net de Fall. Ech mengen, den aktuellen Buergermeeschter huet bal 300 Stëmme méi kritt wéi ech. An hien ass de Meeschtgewielten an der Gemeng Wolz an dee soll och seng Aarbecht virumaachen. Besonnesch well mir ganz gutt zesummegeschafft hunn, also d’CSV mat der LSAP.”
De 27. Juni géing d’CSV iwwert de Koalitiounsprogramm ofstëmmen. Do géing hien dogéint stëmmen, sou den Albert Waaijenberg. Fir eng Majoritéit misst et awer duergoen an deemno dierft der neier Koalitioun CSV-DP näischt am Wee stoen.