Staark Hausse am Hierscht erwaartZuel vu Faillitte par Rapport zu zejoert hei am Land zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
D'Entreprise Creditreform huet d'Entwécklung vun de Faillitten am éischten Hallefjoer vun dësem Joer analyséiert an eng Baisse vu ronn 21% notéiert.
© RTL-Grafik

511 Betriber hunn an den éischte sechs Méint vun dësem Joer de Schlëssel definitiv ënnert den Teppech geluecht. Dat sinn der sou wéineg wéi 2017 net méi. D’Freed dierft awer nëmme vu kuerzer Dauer sinn. Op laang Siicht géif och de Grand-Duché net laanscht déi international Entwécklung kommen, heescht et e Mëttwoch an engem Communiqué. Creditreform geet dovunner aus, datt och hei am Land d’Zuel vun de Faillitte spéitstens am Hierscht staark an d’Luucht ginn. Bis elo wier d’Land duerch staatlech Mesuren a strukturell Virdeeler vergläichsweis gutt duerch d’Kris komm, ma déi wirtschaftlech Konsequenze vun den abléckleche Krise weise sech réischt mat engem gewëssenen Decalage.

Am meeschte concernéiert ware méi kleng Entreprisen a Betriber, déi manner wéi 5 Joer al sinn.

E puer Zuelen nach erausgepickt

Am Bausecteur goufen an den éischte 6 Méint vum Joer 47 Faillitte gesprach. Dat ass eng Baisse vun 28%. 365 Faillitte gouf et am Déngschtleeschtungsberäich, 105 am Commerce a 77 am Horeca. An der Restauratioun, Hotellerie an de Bistroe louch een domadder Creditreform no um selwechten Niveau wéi 2019.

PDF: D'Failliten am Iwwrbléck

Back to Top
CIM LOGO