Tëschent 2014 an 2016Zuel vu Gebuerte geet erof, 1 Drëttel per Kaiserschnëtt

Andy Brücker
13,4% vun de schwangere Frae fëmmen nach an den éischten 3 Méint vun der Schwangerschaft. D'Consommatioun vun Alkohol ass däitlech méi niddreg ginn.

D'Zuel vun de Gebuerten zu Lëtzebuerg ass tëscht 2014 a 2016 ëm 2,2% zeréck gaangen. Dat geet aus engem Rapport ervir, deen de Gesondheetsministère an de "Luxembourg Institue of health" publizéiert hunn.

2016 sinn 6.702 Kanner op d'Welt komm. 2014 dogéint waren et eng 150 Puppelcher méi.

Fëmmen

An der Period tëschent 2014 an 2016 ass d'Consommatioun vum Tubak wärend de Schwangerschaften erofgaangen.
Et sinn nach 13,4 Prozent vun de Fraen, déi an den éischten dräi Méint all Dag oder op d'mannst vun Zäit zu Zäit fëmmen. Am Verglach mam leschte Rapport, also mat deem vun 2011 bis 2013, ass dat eng Baisse vun 2,3 Punkten.

An de leschten 3 Méint vun der Schwangerschaft fëmmt ëmmerhin nach all 10. Fra, sief et just vun Zäit zu Zäit oder all Dag.

Eng Fra vu 5 seet awer och, datt se an den éischten dräi Méint opgehalen huet.

Am Rapport gëtt allerdéngs betount, datt des optimistesch Tendenz kee Grond ass, fir d'Efforten an deem Beräich erofzesetzen. Et geet een nämlech dovunner aus, datt déi Zuelen a Wierklechkeet méi héich sinn an datt net al Mamm hiren Tubakkonsum zou gëtt.

Alkohol

Besser gesäit et beim Alkohol aus: 0,2 Prozent vun de Fraen soen, datt si Alkohol oder aner psychoaktiv Substanzen wärend hirer Schwangerschaft consomméieren.

All drëtt Kand kënnt hei am Land duerch eng Cesarienne op d'Welt.

Offiziell Matdeelung

PDF: De Communiqué.

Back to Top
CIM LOGO