Op ee Joer gekucktZuel vu Leit, déi no Aarbecht sichen, geet weider erof

RTL Lëtzebuerg
Op den 30. Juni 2022 ware bei der Adem 13.638 Leit ageschriwwen, dat sinn op ee Joer gekuckt 2.764 Persounen oder 16,9 Prozent manner.

Dem Statec no wieren aktuell ronn 4,7 Prozent vun der Populatioun hei am Land am Chômage, wat eng liicht Hausse vun 0,1 Prozent ass par Rapport zum Mee 2022.

A quasi all de Kategorië sinn am Juni d’Zuele vun de Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, gefall. Ausnam sinn d’Leit, déi zanter manner wéi véier Méint eng Aarbecht sichen, hei gouf et eng Hausse vun 9,6 Prozent. Eng vun den Erklärungen dofir ass, datt och d’Zuel vun de Persounen, déi sech nei op der Adem aschreiwen, am Juni ëm 2.156 geklommen ass.

Wat d’Leit, déi och Chômage kréien, ugeet, esou ass déi Zuel am Juni awer ëm 17,8 Prozent erofgaangen a läit aktuell bei 6.880. Da sinn nach 4.449 Leit, déi aktuell vun enger Mesure profitéieren.

Bei der Adem sinn aktuell esou vill Aarbechtsplaze gemellt, wéi nach ni, dat mat 13.599. Eleng am Juni koumen der 4.252 dobäi. Déi meescht Leit ginn am IT-Secteur gesicht, viru Spezialisten an der Compta, Auditeuren, Personal an der Kichen a Juristen.

PDF: D'Zuele vum Statec aus dem Mount Juni

Back to Top
CIM LOGO