
Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 84,5 Joer. Vun den 100 Doudesaffer si 64% am Spidol gestuerwen. 56% Prozent si Männer a 44% si Fraen.
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 12 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.871. Vun den Infizéierte sinn der 3.133 Residenten.
Vun den 3.871 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.526 geheelt, 245 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 53.257 Tester gemaach, 1.374 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.
Aktuell si 95 (-16) Patienten hospitaliséiert, 16 (-5) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 873 Mënschen d'Spidol nees verloossen.
De Reproduktiounstaux läit bei 0,995.
