
D’Zuel vun den Otemwee-Erkrankungen, wéi Tuberkulos, bléift zu Lëtzebuerg héich – esou de Bilan vun 2018 vun der Ligue Médico-Sociale. Am RTL-Interview beriicht d'Ligue Médico-Sociale iwwert déi bakteriell Infektiounskrankheet an aner sozialen a gesondheetleche Problematiken.
Schonn 110 Joer gëtt et d'Ligue Médico-Sociale, déi fir d'Bekämpfung vun der Tuberkulos gegrënnt ginn ass. Mëttlerweil breet sech hir Aktivitéit op dräi grouss Beräicher aus: Preventioun, médico-sociaux a sociaux. D'Presenz vun der Tuberkulos ass ganz grouss, seet de Jean Rodesch, Generalsekretär vun der Ligue.
„Mir haten d'lescht Joer an déi 16.000 Consultatiounen, déi Zuel ass och ganz vill beaflosst duerch Migratioun, mir hu ganz vill Leit, déi bei eis musse laanschtkommen, fir eng Autorisatioun de Sejour ze kréien. Dat sinn der déi aus aller Welt heihinner op Lëtzebuerg kommen. Dat ass gutt, mä et ass awer eng Surveillance déi noutwenneg ass, an dann hu mir och Refugiéen, déi och bei eis duerchlafen“
D’lescht Joer goufe 44 Fäll vun Tuberkulos festgestallt, eng Augmentatioun vun 18 Prozent zu dem Joer virdrun. Fir d'Bekämpfung vun der Tuberkulos leet de Jean Rodesch vill wäert op d‘Zesummenaarbecht am Gesondheetssecteur. Et kéint nëmme funktionéieren, wa jidderee matspillt, esou de Generalsekretär, an net wann d'Dokteren d'Krankheet erofspillen. Tuberkulos gëllt als déi déidlechsten Infektiounskrankheet op der Welt. Ronn 4.500 Mënsche stierwe pro Dag un der Krankheet. Ee Véierel vun de Mënschen op der Welt ass infizéiert, wat awer net bedeit, dass se och krank ginn. Besonnesch ufälleg si Leit, déi ënner schlechte sozioekonomeschen Ëmstänn stinn, HIV infizéiert sinn, Diabetis hunn oder ënnererniert sinn, sou d'Ligue médico-sociale.
Am soziale Beräich gouf d‘lescht Joer vill geschafft, seet de Jean Rodesch, de Stiet gëtt vill ënnert d'Äerm gegraff, dass se iwwert d'Ronne kommen. Besonnesch Leit, déi sech iwwerschëlden, maachen der ligue médico-sociale Suergen.
„Mir hunn eng 2.300 Demandë gehat, wou Leit sech renseignéiert hunn, mir hunn eng 400 Dossieren de surendettement, wou mir suivéieren, wou mir kucken, d'Leit erauszekréien aus der Situatioun, wou si dra sinn, mä wann ech elo Chiffere kuffen zum Beispill een Indicateur dat sinn d'Saisie-Arrêten déi gesprach ginn, dat ass erschreckend dat sinn der 10.000 d'lescht Joer gewiescht“
Ee Chiffer, bei deem ee sech misst Froe stellen, esou de Generalsekretär. De Jean Rodesch leet vill Wäert op den Zesummenhalt an der Gesellschaft.
„Mir hunn an eiser Analys vun deene Situatioune vu Leit, déi verschëlt sinn, déi bei eis kommen. Do stelle mir a 54% vun den Dossiere fest, dass ee sech an d'Belsch sech ee Kredit siche gaangen ass. Dat ass eppes, do muss zesummegeschafft gi mam Ministère vun der Ekonomie, mat der CSFF, fir dass mir dee Problem an de Grëff kréien“
Virun allem vu Krediten aus der Belsch gëtt gewarnt, déi oft mat flotten Offeren tentéieren, bei deenen een awer herno Zënse vu beträchtlechen Zommen zréckzebezuelen huet. Déi Léit, déi Hëllef brauchen, ginn ausgebeut. Do misst sech eppes änneren, esou d'Ligue médico-sociale.