
Si hu sech doropshin duerch d’Bascht gemaach. D’Police huet direkt eng groussraimeg Sichaktioun lancéiert, dat och mat der Ënnerstëtzung vum Policehelikopter. Gesicht gouf no 2 männleche Verdächtegen, déi ongeféier 1,80 Meter grouss a vun normaler Statur sinn an donkelt Gezei unhaten.
D’Police hat den Appell gemaach, keng friem Persoun mam Auto matzehuelen. Um Dënschdeg de Moien ass et d’Informatioun, dass déi 2 Abriecher bis elo net fonnt goufen.
D’Police mellt dann awer och nach weider Abréch, sou z.B. um Cents, dat e Méindeg géint 15.45 Auer, oder géint 17.30 Auer zu Gréiwemaacher.