
E Méindegowend koum et ausserdeem um Mierscherbierg zu Miersch kuerz virun 21 Auer zu engem Accident, wéi en Autoschauffer op Héischt vun engem Rond-point d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet a géint eng Stroosseluucht geknuppt ass. Am Rond-point ass hien zum Stoe komm. De Chauffer koum an e Spidol. Well en Alkoholtest positiv ausgefall war, gouf géint hien e Fuerverbuet ausgeschwat. Ausserdeem hat hie kee gültege Permis a krut dowéinst eng Plainte.
Kuerz virun 11 Auer moies ass et en Dënschdeg op der A1 an Direktioun Tréier zu enger Kollisioun tëscht méi Gefierer komm. D’Ambulanz vu Beetebuerg an d’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz. Et gouf awer keng Persoun blesséiert.
Ongeféier um 15.50 waren d’Pompjeeë vu Beetebuerg an d’rue de la gare op Näerzeng geruff ginn, well Damp aus enger Eisebunnsschwell aus Holz koum.