
Wéi den 112 mellt, koum et géint 20 Auer zu zwee Accidenter mat allkéiers engem Blesséierten. Um Weimeschhaff ass en Auto an en anert Gefier gerannt, dat geparkt war an tëscht Réiser an dem Schlammestee ass en Auto an e Gruef gaangen.
En Donneschdeg de Moien huet et dann nach kuerz no 8 Auer zu Käerjeng an der Resistenzstrooss gerabbelt. Do hate sech zwee Ween ze pake kritt, eng Persoun gouf dobäi verwonnt.