Am LokalenZwee Accidenter mat jeeweils 6 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
E Freidegowend krute sech an der Géigend vu Rammerech zwee Autoen ze paken. Op der N10 a Richtung Hëttermillen ass e Samschdeg eng Camionnette ëmgekippt.
© RTL-Archiv

Géint 19.50 Auer koum et op der N23 bei Rammerech zu enger Frontalkollisioun. E Gefier, dat aus der Richtung Kietscht koum, ass an enger Kéier op d’Géigespuer geroden. Eng Persoun huet misse mam Rettungshelikopter an d’Spidol bruecht ginn, fënnef weider Leit goufe blesséiert. De Samu vun Ettelbréck an aus der Stad waren op der Plaz, donieft jeeweils zwou Ambulanze vun Rammerech an aus der Nordstad, eng vun Réiden, eng vu Mamer an d’Pompjeeë vu Rammerech.

Géint 21.18 Auer gouf et dann nach een Accident tëscht engem Moto an engem Auto an der Beggener Strooss an der Stad. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

E Samschdeg am spéide Moien ass op der N10 Stadbriedemes a Richtung Hëttermillen eng Camionnette ëmgekippt. Am Ganze goufe 6 Persoune verwonnt. Am Asaz waren Ambulanze vu Mäertert an aus der Stad, de Samu Airrescue 1 an d’Pompjeeë vu Réimech a Wuermer.

2 Permisen agezu wéinst Alkohol um Steier

Da mellt d’Police nach zwee Automobilisten, déi alkoholiséiert ënnerwee waren. Déi eng Kéier war dat zu Esch/Belval de Fall, wou eng Partie Verkéiersschëlder beschiedegt goufen. De Chauffer ass einfach weidergefuer, konnt awer kuerz dorop an engem staark beschiedegten Auto gestoppt ginn. Den Alkoholtest war positiv, de Permis huet hie missen ofginn. De Won gouf ofgeschleeft.

An der Géigend vu Rued-Sir ass e Freidegnomëtteg eng Persoun am Zickzack gefuer. Och hei war d’Resultat vum Alkoholtest positiv. D’Persoun hannert dem Steier war hire Permis lass, hiren Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO