
De CGDIS mellt zwee Accidenter um Freideg den Owend, bei deene Persoune blesséiert gi sinn – um 18.20 sinn zwee Autoen an der Rue Alphonse München an der Stad aneneegerannt, eng weider Collissioun gouf et kuerz drop um 18.30 Auer zu Éiter beim Kulturzenter Im Medenpoull.
Allkéiers gouf eng Persoun blesséiert, ëmmer waren eng Ambulanz, d'Pompjeeën an d'Police op der Plaz.
Dann huet nach zu Esch an der Rue Eugène Reichling kuerz virun 19 Auer eng Kiche gebrannt, hei ass kengem eppes geschitt.