CGDISZwee Blesséierter bei Accident tëscht Proz a Groussbus, Samu am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Tëschent Proz a Groussbus sinn an der Nuecht op e Sonndeg géint 2.15 Auer zwou Persoune blesséiert ginn, wéi en Auto an e Bam gerannt ass.

2 Ambulanzen an de Samusdokter vun Ettelbréck waren op der Plaz. Bei 3 weideren Accidenter ass allkéiers eng Persoun verwonnt ginn - op der Tréierer Autobunn op der Héicht vum Iergäertchen ass e Motocyclist gefall, tëschent Kéideng an Iernzen war och en Auto an e Bam gerannt an zu Knapphouschent ass en Auto an eng Mauer gerannt.

Back to Top
CIM LOGO