CGDISZwee Blesséierter bei Massekarambolage op der A13

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 mellt, krute sech direkt e puer Gefierer ze paken.

Geschitt ass d’Accident um kuerz virun 13.30 Auer e Freideg op der A13 a Richtung Péiteng. 2 Persoune goufen dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Suessem an Déifferdeng, wéi och vun Esch.

Dobäi mellt de CGDIS dann nach eng Partie Bränn. Ënnert anerem hunn um Lampertsbierg an op der Stater Gare all Kéiers eng Poubelle gebrannt, zu Bënzelt hat e Kamäin gebrannt. An och zu Mënsbech gouf et e Virfall mat engem Brand. Kengem ass eppes bei dëse Virfäll geschitt.

Back to Top
CIM LOGO