112Zwee Blesséierter no Accident tëscht Diddeleng a Keel

RTL Lëtzebuerg
Wéi am Policebulletin steet, koum et zu enger Frontalkollisioun tëscht 2 Autoen.
© RTL Archiv

Eent vun de Gefierer ass deelweis op d’Géigespuer geroden. Kuerz drop krute sech déi 2 Ween ze paken. Beim Chauffeur, deen d’Accident provozéiert huet, ass den Alkohol- an Drogentest positiv ausgefall. Hie krut e Fuerverbuet an de Virfall gouf protokolléiert. En drëtten Auto gouf beim Accident beschiedegt, de Chauffeur ass net blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO