
Nieft de Pompjeeën an der Ambulanz aus der Stad, war och de SAMU am Asaz. Eng Persoun gouf verwonnt.
Kuerz no 22 Auer ass zu Esch an der Rue de Rumelange en Automobilist mat sengem Gefier an eng Mauer gerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Rettungsservicer vun Esch waren op der Plaz.
E Méindeg de Moie géint 6 Auer gouf et nach ee Blesséierte bei engem Accident tëscht Gréiwels a Groussbus.