Iwwerfall an der Stad - ZeienopruffZwee Brigange klauen dem Affer d'Auer a maache sech duerch d'Bascht

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint véierel vir zwou koum et an der Rue de Congrégation an der Stad zu engem Iwwerfall op eng Persoun.

Ee Passant gouf vun hanne vun engem vun de Brigangen ugehalen, wärenddeem deen aneren dem Betraffenen d'Auer vum Handgelenk gerappt huet.

Dono hunn déi zwee Onéierlecher sech a Richtung Boulevard Roosevelt duerch d'Bascht gemaach. D'Police huet sech direkt op d'Sich no hinne gemaach, dat awer ouni Succès.

Zeienopruff

An dësem Kontext mécht d'Police dann och en Zeienopruff fir déi zwee Brigangen. Allebéid si 25-30 Joer al an hunn e südlännescht Ausgesinn.

  • Deen ee war vun normaler Statur, hat e klenge Bäertchen, eng hell Jeansbox u mat engem bloe Kapuze-Pullover, eng blo Kap um Kapp a schwaarz Turnschlappen, donieft hat en och e Sonnebrëll un.
  • Deen anere war éischter dënn, hat éischter laang donkel Hoer a war mat enger bloer Joggingsbox mat wäisse Sträifen op der Säit gekleet. Donieft hat en e bloen T-Shirt a wäiss/gro Turnschlappen un.

All Informatiounen am Zesummenhang mat dësem Iwwerfall si bei der Stater Police ënnert der Nummer 244401000 eranzeginn.

Back to Top
CIM LOGO