MonnerechZwee Camione sinn ausgebrannt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch géint 0.20 Auer hunn zu Monnerech an der Rue d'Ehlerange zwee Camione gebrannt.
© Domingos Oliveira

D’Pompjeeë vu Monnerech, Esch a Schëffleng waren op der Plaz. Weider Informatioune feelen den Ament nach.

Zwee Blesséierter um Mëttwoch de Moien

Wéi de CGDIS matdeelt, huet et e Mëttwoch de Moien zwee Mol geknuppt. Zwee Mol gouf iwwerdeems eng Persoun blesséiert.

Zu Beetebuerg an der Rue John Fitzgerald Kennedy war géint 8 Auer een Auto accidentéiert. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt a vun de Rettungsdéngschter vun Diddeleng, Beetebuerg, dem Réiserbann an dem Samu vun Esch versuergt.

D’Rettungsekippe vu Mamer a Kielen ware géint 9.22 Auer geruff ginn, nodeems op der A6 a Richtung Lëtzebuerg en Auto an e Camion gerannt ass. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO