
E Mëttwoch de Moie kuerz viru 6 Auer goufen zwee Foussgänger an der Z.A.E. Wolser zu Beetebuerg vun engem Automobilist ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanciere vun Diddeleng, de Samu vun Esch souwéi d’Pompjeeë vun Esch-Uelzecht a Beetebuerg.
Géint 8.22 Auer waren d’Rettungsdéngschter vu Mäertert, Nidderaanwen a Menster op d’A1 a Richtung Tréier geruff ginn, nodeems hei zwee Ween anenee gerannt sinn. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert.