PoliceZwee Iwwerfäll an ee Verstouss géint eng Decisioun vum Geriicht

RTL Lëtzebuerg
Weider hunn d'Beamten en Automobilist aus dem Verkéier gezunn, deen däitlech ze déif an d'Glas gekuckt hat.

Um spéiden Donneschdeg den Owend krut d’Police gemellt, datt eng Persoun am Stater Garer Quartier säin Handy geklaut krut, dat nodeem den Täter d’Affer physesch ugegraff huet. Am Kader vun den Ermëttlunge konnt e Verdächtege festgeholl ginn, dësen hat och déi geklaute Saache bei sech. De Parquet huet de Mann festhuele gelooss an hien hat e Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Sech net un eng riichterlech Decisioun gehalen, hat sech eng Persoun zu Nouspelt, wéi si sech Zoutrëtt zu engem Haus verschaf huet, an deem si sech guer net ophalen dierft. Eng Patrull, déi geruff gouf, konnt de Mann nach op der Plaz untreffen, de Parquet huet dëse verhafte gelooss.

Zu Gaasperech huet e bis ewell onbekannten Täter eng Fra iwwerfall. Als éischt wollt hie Suen, ma wéi d’Fra him déi net wollt ginn, huet hien hir den Handy aus der Hand gerappt. Och dat wollt d’Affer sech net gefale loossen an ass dem Onéierlechen nogaangen. Dësen huet si dunn attackéiert an ass doropshi fortgelaf. D’Affer gouf net blesséiert, d’Ermëttlunge lafen.

D’Beamte vun der Police waren dann och am Stroosseverkéier am Asaz. Vu Mamer a Richtung Bartreng ass hinnen en Automobilist opgefall, dee säi Gefier net méi wierklech ënner Kontroll hat, an am Zickzack gefuer ass. Dobäi ass hien e puer Mol an de Géigeverkéier geroden an huet en Zesummestouss mat enger Verkéiersinsel just ganz knapp konnte verhënneren. De Won gouf gestoppt an en Alkoholtest mam Mann gemaach. Dëse war positiv, esou datt de Permis agezu gouf.

Back to Top
CIM LOGO