De Christophe ass Fotograf, säi Kolleeg Antonio schafft an der Aviatioun a si hate sech entschloss, fir ze hëllefen. De Christophe war schonn eng Kéier zu Medyca, den Antonio wollt dës Kéier och matgoen. Eng nei Experienz fir hien, awer och eng Rees mat Risiken; ëmmerhi si se an e Krichsgebitt gefuer. Doriwwer huet hie sech och Gedanke gemaach, mä fir hie war kloer: si komme ganz zeréck.
Hiren Trajet hu se mam privaten Auto zeréckgeluecht an dee gouf bis op dee leschte Quadratzentimeter voll getässelt mat all deem, wat dohanne gebraucht gëtt. D’Déierefudder gouf es och genuch matgeholl. Nodeems un alles geduecht gouf, goung et fir déi zwee a Richtung Medyka.
Eng Woch drop hu mir si nees getraff. Et schéngt, ewéi wa sech eppes geännert hätt: den Antonio ass markéiert vun deem, wat e gesinn huet. An et ass den Ament déi batter Realitéit an der Ukrain. Biller, déi de Christophe an den Antonio elo ze verschaffen hunn, an do huet jidderee säin eegenen Trick, fir besser driwwer ewechzekommen.
Esou gëtt et villen eréischt bewosst, wa se zeréck sinn, wéi gutt et eis hei zu Lëtzebuerg iwwerhaapt geet. Si zwee hunn hir Missioun erfollegräich erfëllt an hunn der Realitéit an d’Ae gekuckt, mam gudde Gewëssen, dass se deene gehollef hunn, déi et den Ament an Europa am néidegsten hunn.