
Wéi d'Police an hirem Bulletin mellt, hätten zwee jonk Männer Pefferspray am Zuch gesprayt an dobäi versicht, aner Zuchpassagéier ze beklauen. Dobäi soll eng Fra, déi deen Ament direkt vis-a-vis vun engem vun den Täter souz, fortgaange sinn, wéi de Pefferspray agesat gouf.
Dës Fra, sou wéi och aner Zuchpassagéier, déi Affer vum Pefferspray-Asaz, oder engem Déifstall, respektiv Déifstallsversuch gi sinn, si gebieden, sech beim Policebüro vu Capellen ze mellen, dat per Mail u Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu oder per Telefon op der Nummer (+352) 244 30 1000.