Zu Stroossen an zu DéifferdengZwee Mol Fürerschäin agezu wéinst Alkohol am Blutt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am spéiden Nomëtteg gouf zu Stroossen op der Héicht vun der Rue des Romains eng offensichtlech alkoholiséiert Automobilistin gemellt.

Et huet net laang gedauert, bis eng Policepatrull d’Fra konnt untreffen. Si huet refuséiert en Alkoholtest ze maachen, wouropshin hire Fürerschäin agezu gouf. Bei der Kontroll gouf du festgestallt, dass et schonn e Fuerverbuet fir d’Fra gouf. Doropshi gouf dann och den Auto séchergestallt.

E Méindeg den Owend gouf et dann eng Meldung zu Déifferdeng, well en alkoholiséierte Chauffer an der Déifferdenger Strooss en Auto beschiedegt huet. E wier fortgefuer, ouni sech ëm den Schued ze këmmeren. De Chauffer gouf kuerz drop ermëttelt a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO