Ëlwen an HouwaldZwee Mol hu sech Abriecher iwwert d'Terrass Zougang zu Haiser verschaaft

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Nuecht war d'Police wéinst direkt e puer Abréch am Asaz, ma och wéinst engem Accident, bei deem Alkohol am Spill war.

Zwee Beispiller hu si dann och an hirem Bulletin matgedeelt. Esou gouf an en Eefamilljenhaus zu Ëlwen agebrach. D’Täter wieren éischten Informatiounen no iwwert d’Terrassendier an d’Haus agedrongen an hätten do all d’Raim duerchsicht.

Eng änlech Virgoensweis haten déi Onéierlech um Houwald. Och hei gouf alles duerchsicht, éier se mat deem, wat se klaue konnten, fortgelaf sinn. A béide Fäll war d’Spueresécherung am Asaz.

D’Police gëtt dann och nach verschidde präventiv Rotschléi, wéi ee sech virun Abréch schütze kann.

Da mellt d’Police nach en Accident zu Mensder an der Rued-Syrer-Strooss. Hei war e Gefier an en Auto, deen do ofgestallt war, gerannt. Wéi d’Police op der Plaz agetraff ass, konnte si de Chauffer vum Auto net fannen, no enger kuerzer Sich ass hinnen dat awer gelongen. Den Alkoholtest vun der Persoun war positiv, esou datt de Permis agezu gouf.

Back to Top
CIM LOGO