Rebellioun an der StadZwee Passanten an ee Polizist goufe liicht verwonnt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg géint 21 Auer gouf um Boulevard Royal an der Stad e Mann gemellt, deen direkt e puer Passanten attackéiere géif.

Eng Policepatrull konnt de Mann kuerz drop ermëttelen an immobiliséieren, wéi dee grad handgräiflech géintiwwer enger eelerer Damm gi war. De Mann huet sech hefteg gewiert, éier hie konnt mat op de Policebüro geholl ginn. Bei deem Tëschefall goufen zwee Passante liicht verwonnt, grad ewéi och e Policebeamten.

Aenzeie vum Tëschefall si gebiede sech bei der Police zu Esch ze mellen, via Telefon um (+352) 244501000 oder via E-Mail op Police.ESCH@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO