
D’Automobilistin gouf kuerz drop vun der Police gestoppt. En Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Dat war awer net deen eenzege Chauffer, deen ze déif an d’Glas gekuckt hat.
Dee selwechten Owend krut d’Police ee weideren Auto gemellt, deen am Zickzack gesteiert gouf. Dës Kéier an der Route du Vin zu Wuermer. De Chauffer vum Won hat donieft eng Ofspärung vun engem Schantjen ze pake kritt a war weidergefuer, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. Eng Patrull huet hien a säi beschiedegt Gefier méi spéit gestoppt. Och hei war den Test positiv an de Permis fort.
E weidere Virfall krut d’Police e Sonndeg an der Stater Groussgaass gemellt, wou eng Persoun versicht huet, e Kleedungsstéck aus engem Buttek matgoen ze loossen. De Verdächtege konnt gestallt ginn, bei enger uschléissender Kontroll hunn d’Beamte festgestallt, datt dësen der Police scho bekannt war. Hie koum op Uerder vum Parquet e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.