
Esou huet et zu Esch an der Uelzechtstrooss an op der Place Norbert Metz gebrannt. Hei waren et Këschten aus Kartrong, Pabeier oder och Sperrmüll, déi ugefaange gi waren. Dobäi ass ee Brand och op eng Fassad vun engem Haus iwwergaangen, an deem sech Leit opgehalen hunn. Allerdéngs konnt d’Feier mat Zäite geläscht ginn.
Zu Schëffleng huet et an der Escher Strooss souwéi och op sëllegen anere Plaze gebrannt. Nieft engem Bushaischen, wat muttwëlleg zerstéiert gouf, konnt zu Schëffleng verhënnert ginn, datt d’Feier op d’Haiser iwwergeet.
A béiden Uertschafte goufe keng Leit blesséiert.
Nach an der Nuecht selwer konnte Policebeamten zwee Verdächteger an der Géigend vun enger Zuchbréck zu Schëffleng festhuelen. Si goufen e Mëttwochmëtten dem Untersuchungsriichter virgestallt. Iwwerdeems goufe weider Enquêtë vum Parquet an d’Weeër geleet.