Auto géint BamZwee schwéier Blesséierter zu Fëschbech (Clierf)

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Sonndeg de Moien zu Fëschbech bei Clierf zu engem méi schroen Accident mat 2 Blesséierten, wéi en Auto an e Bam gerannt ass.
© Air Rescue

Géint 7.13 goufen d’Rettungsdéngschter wéinst zwou schwéier verwonnt Persounen op Fëschbech geruff. Nieft zwee Helikoptere vum Samu waren och d’Rettungsdéngschter vu Clierf, Housen an Ëlwen op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO